D’Jugendsektioun vun de Koler Pompjeeën gouf am Joer 2012 gegrënnt. Eng éischt Versammlung gouf den 11.07.2012 zu Koler am alen Pomjeesbau ofgehalen un déier 8 Kanner deelgeholl hunn. Hei kruten si an hier Elteren Informatiounen wat bei de Jugendpompjeeën am allgemengen geschitt an méi genee wéi déi lokal Sektioun an der Zukunft wäert organiséiert ginn.
Zanterhier fënnt all 14 Deeg, mat Ausnam vu Vakanzen a Feierdeeg eng Übung statt. Hei gëtt Wäert drop geluecht, dass eis jonk Pompjeeën souwuel an der Theorie, wéi och an der Praxis ausgebilt ginn. Heibäi gëtt der Evolutioun vun den Asäz vum Korps Rechnung gedroen, sou dass eis Memberen nët nëmmen am Feierläschwiesen, mee och am techneschen Beräich an am Rettungswiesen forméiert ginn. Dëst déngt hinnen spéiderhin als Basis fir weiderféierend Pompjees- an Firstresponderformatiounen.
Allerdéngs gëtt och drop opgepasst, dass Spill a Spaass net ze kuerz kommen. Sou starten mir z.B. no de Feierdeeg mat engem Kachatelier an dat neit Joer, wou nodeems zesummen gekacht gouf, dann och am Bau g’iess gëtt.
Op den 01.01.2018 zielt eis Jugendsektioun 18 Memberen. Eis Übungen sinn Freides Owes (laut Übungskalenner) um 18:00 zu Garnech am Pompjeesbau.
Falls Du interesséiert bass bei de Jugendpompjeeën matzemaachen an tëschent 8 an 16 Joer hues, kanns Du gären Freides Owes bis laanscht kommen, oder dech per Mail op der Adress jugendleeder@ciskahler.lu fir weider Informatiounen bei eis mellen.