E Samsdeg 28. Juni gouf de ronne Gebuetsdag mat engem Galaiessen zu Garnech am Veräinshaus gefeiert. Invitéiert woren nierft alle Memberen vum Veräin mat hiere Partner och Vertrieder vun de Koler Veräiner an de Nopesch-Pompjeescorpsen. Präsentéiert gouf och bei dëser Geleegentheet ën 120 Säiten deckt Buch iwert d’Koler Pompjeeën. Och gouf an den Deeg dono eng Brochure an all Haushalt vun der Gemeng Garnech verdeelt, fir den Awunner de ronne Gebuetsdag matzedeelen.

E Sonndeg, 20. Juli 2014 hun d’Koler Pompjeeën hiren 100. Gebuetsdag gefeiert.

De Programm vum Dag:

  • 9h15:    Cortège vum Pompjeesbau bis an d’Kierch
  • 9h30:   Mass matt Fändelwei
  • ca 11h:  Cortège vum der Kierch bis op d’Plaz bei der Baach
  • Den ganzen Dag iwwer woren Austellungen matt Pompjeesmaterial an Virféierungen vun Jugendpompjeeën an Protection Civile vu Stengefort.
  • ab 12h: Duerffest organiséiert vum Koler Club des Jeunes