First Responder – Waat as daat eigentlech?

„First Responder“, wiertlech iwersaat „den éischten deen äntwert“ sin fräiwëlleg Pompjeeën, déi nierft hierer normaler Ausbildung eng zousätzlech Spezialformatioun an der éischter Hëllef gemeet hun. Dëss Formatioun erméiglecht et hinnen, Leit a Nout eng kompetent Hëllef virum Ukommen vun der Ambulanz zoukommen ze loossen. Dësen Service bidden d’Koler Pompjeeën nierft hieren normalen Aufgaben un. Mär probéieren bei all Noutfall esou séier wéi méiglech bei Iech ze kommen.
Wichteg:
Et kann ëmmer zu Situatiounen kommen, wou eventuell keen First Responder op d’Plaatz kënnt. Dëst kann geschéien, wann all Pompjeeën aus der Gemeng verhënnert sin. Eng Ambulanz an/oder de SAMU as awer op jiddferfall ënnerwee wann en Noutruff ofgesat gouf.

Waat mecht de First Responder?

 

Den Opérateur vum 112 décidéiert nom Erhalt vum Noutruff op Basis vum Einsatzleitsystem, op den First Responder aktivéiert gett. Als First Responder leeschten mär dann virum Ukommen vun der Ambulanz Éischt Hëllef, wëll mär am Prinzip méi séier wéi d’Ambulanz an SAMU op der Plaatz sin, well dës vun engem Zenter ausserhalb vun eiser Gemeng kommen. Typesch Asäz sin Bewosstlosegkeet, Häerzinfarkt, Stierz, stark Bluddungen, Autosaccidenter. Mat eiser spezieller Ausbildung an eisem speziellen Equipement kenne mär mat de néidegen, eventuell liewensrettenden Aktiounen schon virum Ukommen vun Ambulanz oder SAMU ufänken. Dësen Zäitvirsprong kann Liewe retten!

– Eng séier a qualitativ héichwärteg Éischtversuergung op der Plaatz
– Eng séier Asazbereetschaft
– Permanent Weiderbildungen
– Aweisung vun de nokommenden Rettungskräften

Eis Zieler:

Gefierer, Ausrüstung a Personnal:

De First Responder kennt mam Privatauto, mam Velo, ze Fouss oder mat engem Pompjeesgefier op d’Plaatz, je nodeems waat am séiersten as. All Sekonn zielt! Ze erkennen sin mär duerch eng Pompjeesuniform an/oder eng giel Jackett oder Gillet mat der Opschrëft „ First Responder“. D’Gemeng Garnich huet 2016 massiv an d’Uschaafung vun First Responder Material investéiert, wéi Défibrillateuren, Rettungsrucksäck, Halskrausen, Verbandsmaterial, a villes méi. Mee och d’Koler Pompjeeën hun aus hierer Keess an de Kaaf vun zousätzlechem éischt Hëllefmaterial investéiert, dëst fir d’Material méi dezentral ze hun.

Eis Stärkten:

  • De First Responder sin dacks bekante Gesiichter, well mär duerch eis laangjähreg Memberschaft an de Pompjeeën de Leit bekannt sin
  • Ënnerstëtzung bei besonneg personalintensiven Asäz
  • Eng séier a qualitativ héichwärteg Reckmeldung un den 112, fir eventuell gezielt weider Verstärkung oder Spezialasazkräften op d’Plaatz ze kréien
  • Doduerch as eng séier liewenserhaalend Hëllef méiglech
  • Kurz Ufahrtsweeer
  • De psychologeschen Effekt duerch eng séier Hëllef an bekannte Gesiichter déi hëllefen därf net ënnerschaat gin

Eis Schwächten:

Et kann zu Momenter kommen zu denen de First Responder Dingscht nët besat ass. Mär sin fräiwëlleg Pompjeeën, a machen esou dësen Dingscht an eiser Fräizäit. Och wann am Moment 12 Pompjeeën vum Koler Corps déi spezial First Responder Ausbildung gemeet hun, kann et awer virkommen, datt keen Éischthelfer disponibel as. Och mär gin schaffen, sin emol krank, gin mat der Famill akaafen, gin an d’Vakanz, … . Där kënnt versëchert sin, datt mär eist Beschtméiglecht maachen fir dass dëst nëmmen Ausnahmefäll sin an mär probéieren wäerten e Maximum vun Asätz ze garantéieren.

Waat kënnt Där machen?

  • Léiert éischt Hëllef, an hëlleft och Där Äeren Matmënschen.
  • Engagéiert Iech an de Pompjeeën, schafft an enger engagéierter Equipe mat, a léiert hëllefen!

Stellt Iech vir, Där braucht Hëllef an et kënnt keen. Kommt bei eis kucken. De Rettungsdingscht kann nemmen fonktionnéieren, wann vill Leit matschaffen. D’Gemeng Garnich huet déi néideg Infrastrukturen zur Verfügung gestallt. Elo as et un Iech an un eis de Rettungsdingscht esou gut wéi méiglech ze garantéieren. Hëlleft mat, eleng stoussen mär heiansdo un eis Grenzen.