Dat éischt “Gefier“ kruten déi Koler Pompjeeën wahrscheinlech an der Grënnerzäit. E geneeën Datum léisst sech net méi feststellen, mee d’Bauweis vum Unhänger léisst op d’Zäit kuerz nom éischte Weltkrich schléissen. Dësen Handweenchen, wor net ganz grouss, an awer wäert ët deemools duergaang sinn, dat bëssen Material wat d’Pompjeeën haten ze transportéieren.

An de 50er Joeren koum dunn den zweeten GeräteAnhänger (GA). Dësen Unhänger wor schons däitlech méi grouss wéi säi Virgänger. Bannendran konnten vill Schlaucharmaturen geluede ginn. Uewendrop woren 2 Schlauchhaspelen befestegt, a Platz fir eng kleng Leeder wor och nach do. Zéien konnt een dësen Unhänger wéi säi Virgänger matt Muskelkraaft, mee en austausch-baren Täissel huet ët erméiglecht, fir en un en Trakter unzekrämpen. Dat wor schon e grousse Fortschrëtt zu senger Zäit.

1976 wor ët dunn un der Zäit, an dat éischt motoriséiert Gefier aus Eegemëttel gouf ungeschaaft. Vu “Couleurs Gérard“ gouf eng Occasiounscamionnette ofkaaft, déi dunn an Eegeregie zu engem GeräteWagen (GW) ëmgebaut gouf. Hei konnt dunn all eist Material dran geluede ginn. 1978 wor déi feierlech Aweiung, an matt dësem neie Won woren d’Koler Pompjeeën esou och iwer d’Grenzen vum Duerf eraus séier op der Asatzplatz. Laang Joeren huet eisen Opel Blitz eis trei Dingschter geleescht, bis en 1985 huet missen ausgemustert ginn. D’Gemeng huet dunn décidéiert, de Koler Pompjeeën als Ersatz en Neiwon unzeschafen. Bis deen dunn do wor, gouf den GW nach e puer Mol matt engem Trakter op d’Asatzplatz geschleeft. Dëss Methode huet sech awer als net ganz der Zäit ugepasst erwisen.

1987 huet d’Gemeng eis en TragkraftSpritzenFahrzeug (TSF ) kaaft, deen haut nach an eisem Fuhrpark säin Dingscht leescht. Dëss Camionnette, équipéiert matt enger Ludwig 8/8 Pompel (TS) an 2 Otemschutzgeräter nierft allem
aneren néidege Pompjeesmaterial hat och nach Platz fir 6 Pompjeeën. Matt de Joeren gouf eisen TSF ëmmer erëm ëmgebaut an der Zäit ugepasst. 1990 gouf déi al Pompel duerch eng modern TS 16/8 vun Ziegler ersat. 2011 gouf d’Ariichtung moderniséiert an déi al Interspiro Otemschutzgeräter sinn duerch nei Geräter vun der Marque Auer
ersat ginn. 2012 ass eng Sprühanlag matt engem 120 Liter-Tank agebaut ginn, fir op déi ëmmer méi heefeg
Uelegspueren ze reagéieren.

1996 hunn mär en GeräteAnhänger (GA) kaaft kritt, well eisen TSF awer ze kleng wor fir all eist Material ze transportéieren. An eisem neien Unhänger ass eis Schlauchreserve, Material fir Héichwaasserasätz, e Stromagregat an Beliichtungsmaterial, e Liichtmast vun 6m an e puer Schlauchbrécken ënnerbruecht. Bei groussen Asätz ass eisen Unhänger bal ëmmer matt derbäi, a leescht wäertvoll Dingschter.

1999 gouf vum Corps aus Gendarmeriebestänn fir 5000 Frang e gebrauchten Ford Sierra kaaft. Dësen Auto gouf selwer an e KommanDoWagen (KDW ) ëmgebaut, an zousätzlech équipéiert matt 2 Otemschutzgeräter an dem néidege Pompjeesmaterial fir eng éischt Erkundung oder en éischten Ugrëff. Ausserdeem gouf den KDW genotzt fir am Asatzfall wann néideg den Unhänger ze zéien, oder fir eis Leit an d’Formatiounen vu Kanton a Federatioun ze féieren. 2012 gouf den Auto no engem Motorschued ausgemustert.

Flagschëff vun de Gemengepompjeesgefierer ass en 2007 ugeschaaften Tankwon, méi genee en Löschgruppen-Fahrzeug (LF ). Bei dësem Camion handelt ët sech ëm e villsäiteg asetzbaart Gefier, wat gutt un de Bedarf vun der Gemeng ugepasst ass. E klenge Waassertank vun 800 Liter erlaabt kleng Asätz, wéi zum Beispill en Autosbrand oder d’Botzen vun Uelegspueren duerchzeféieren. Bei der Beluedung ass eng Motorpompel TS 16/8* ervirzehiewen, déi bei der Waasserförderung iwwer laang Weestrecken gebraucht gëtt. ( * TragkraftSpritze déi 1600 Liter Waasser bei 8 Bar Waasserdrock pro Minutt pompelt)

2012 huet d’Gemeng als Ersatz vun eisem Ford Sierra fir de Service Incendie e Pick-Up als neie KDW kaaft. Dësst Gefier, e Ford Ranger, ass duerch seng hënnescht Landefläch ganz villsäiteg asetzbar. Duerch säi starke Motor, ass dëse Won och gutt als Zuchgefier fir den Unhänger gëeegent.

Enn 2013 huet de Corps fir den SIS vum Enregistrement en Unhänger ofkaaft, deen elo an Eegeregie an en SchlauchAnhänger matt 1000m B-Schlauch (SA1000) ëmgebaut gëtt. Esou kann séier eng Waasserleitung iwwer laang Strecken opgebaut ginn. Dësen Unhänger kann awer och als Virwarner bei Asätz gebraucht ginn, an soll esou hëllefen, d’Pompjeeën op der Stroos ofzesecheren.

2014 huet d’Gemeng de Pompjeeën vu Kielen hiern MTW ofkaaft. Eigentlech sollt et e Neiwon gin, mee dozou sollt et net kommen. D’Gefier gouf dem Design vum Corps ugepasst, an verriicht elo bei eis gut Dingschter, virun allem och bei eise Jugendpompjeeën.