1897 gouf zu Garnech den éischten Pompjeescorps vun der Gemeng gegrënnt. Profitéiert hun vun dëser Grënnung awer leider nemmen d’Uertschaften Garnech, Duelem an Héiweng. Dëst luch net um schlechte Wëll, mee haaptsächlech un de schlechten Stroossen an dem Bierg tëschend Koler a Garnech. Och d’Alertéierung wor nëmmen mat de Kiercheklacken méiglech, an déi hun se ze Garnech net héieren.
Ursaach vun der Grënnung vun de Koler Pompjeeën wor wahrscheinlech e Groussbrand um Haff Bosseler, wou nëmmen duerch daat séiert Agräifen vun de Pompjeeën vun Klengbetten daat Schlëmmst konnt verhënnert gin.
1914 wor et dun esouwäit, an den 14. Juni goufen déi Koler Pompjeeën als zweeten Gemengecorps an d’Liewen geruff. 22 Mann sin direkt an de neie Veräin agetrueden, an éischten Kommandant gouf den Karl Hanff, een zu Koler stationnéierten däitschen « Grenzauseher ». Wéi aus de Bicher ervier geet, huet hien der jonker Trupp emol fir d’éischt mat villen Marschübungen déi néideg Dispiplin bäibruecht.
Lues a lues goufen Uniformen a Material ugeschaaft, an de Corps konnt seng eigentlech Tätegkeet ophuelen.