News

Éischt Hëllef Cours

Ufank 2020 gëtt zu Garnech am Pompjeessall een gratis Éischt Hëllef Cours a Lëtzebuerger Sprooch ugebueden. Dësen ass op 9 Freideger vun 19h30 bis 21h30 opgedeelt a fänkt den 10. Januar un. D’Umeldung ass nëmmen iwwert folgenden Link bis den 9. Januar méiglech. http://cours.cgdis.lu/page/module/574/DEU/index.html?cache=no

Weiderliesen
JugendNews

Wanterwanderung – 24.02.18

E Samsdeg hunn mir mat eisen Jugendpompjeeën un der Wanterwanderung vun den Jugendpompjeeën aus der Regioun Zentrum deel geholl. Den Tour huet eis iwwert ongeféier 14 Kilometer vun Béiwen op Tënten gefuert, wou zum Schluss nach zesummen gegrillt gouf. Hei nach e puer Fotoen vun dëser Aktivitéit: Weider Fotoen fann dir och nach op Facebook.

Weiderliesen
JugendNews

Kachatelier – 12.01.18

Den 12. Januar hate mir eis éischt Jugendübung fir d’Joer 2018. Traditionell fänken mir d’Joer ëmmer mat engem Kachatelier un. Esou och dës Kéier, um Menü stoung “Tarte flambée” an Schockelaskuch. Hei nach d’Rezepter fir den Menü doheem nozekachen: Hei nach e puer Fotoen vun dësem flotten Atelier:

Weiderliesen